top of page

RENOVATIOUNS-AARBECHTEN

Mir sin spezialiséiert op d’Renovatioun vun denkmalgeschützte Gebaier a kombinéiere traditiounsräicht Handwierk mat moderner Baukonscht. Ob Bauerenhäff, Scheieren, Härenhaiser oder Schlässer – mir erhale de Charakter an d'Séil vun Ärem Gebai a schafen dobäi innovativ a funktionell Liewensraim.

​

Eis Expertise deckt all Etappe vun der Renovatioun of: Vun enger einfacher Opfreschung vun der Fassade, der Moderniséierung vun den Bannenraim an oder der Restauratioun vu Steen- a Holzstrukturen, bis hin zu kompletten Transformatiounen an energeteschen Instandsetzungen. Mir garantéieren eng harmonesch Verbindung tëscht Al an Nei, mat engem besonneschen Schwéierpunkt op Qualitéit an Nohaltegkeet.

​

Léiert méi iwwer eis individuell Renovatiounsléisungen kennen a wéi mir Äert historescht Gebai fir d’Zukunft erhale kënnen.

​

​

Beräicher:​​

  • Daach​

  • Ausbau vun Speicher oder Scheier

  • Fensteren an Dieren

  • Fassaden

  • Holzbau

  • Buedembeläg

  • Restauratiounsaarbechten

  • Bannendämmung​

  • Leembotz an Kallekbotz

  • etc.

<< Restauréieren anstatt Zerstéieren >>

bottom of page