top of page

Biergraum - Haus 2
++ Sous contrat de réservation ++

Rippweiler_edited.jpg
  • ​1'090'000 € 
  • 184 m²
  • 4 Schlofzëmmer
  • 2 Daachterrassen
  • Gemeinsamen Gaart
  • Schlësselfäerdeg Enn 2026

Eng Harmonie tëscht Traditioun a Modernitéit 

Am Häerz vum charmanten Duerf Rippweiler realiséiert d’Société Nationale de la Réhabilitation du Patrimoine e besonnesche Projet: En aalen Bauerenhaff gëtt sanéiert an nei genotzt an domadder aus aalem Bestand néien Wunnraum kreéiert. Den Bannenhaff schaaft eng authentesch Duerfatmosphär, wärend de privaten Gaart, déi grouss Terrasse an de Balkon ideal sinn, fir d’Rou an d’Natur ze genéissen. Divers Elementer vum aalen Bestand ginn erhaalen fir den Stil vum Gebai authentesch ze haalen. Den gemeinsamen Gaart steet jidderngem zur Verfügung. D'Heizung an d' waarmt Waasser gëtt mat enger Wärmepompel gehëtzt.

D'Bauaarbechten hunn just ugefaangen!

D´Raumopdeelung kann nach un den Client ugepasst ginn!

 

Geneemegten Plang:

Rez-de-Chaussée:

  • Hall an Büro(21,29 m²)

  • Wäschkichen (6,40 m²)

  • Garage  (25,73 m²)​

Garage mat zwee Plazen ass am Verkafspräis abegraff!

1. Stack:

  • Wunnzëmmer, Iesszëmmer & Kichen mat Ofstellraum an Toilette (64,16 m²)

  • Schlofkummer mat Buedzëmmer (27,62 m²)

  • Terrasse (18,07 m²)

 

2. Stack:

  • Dräi Schlofkummeren an zwou Buedzëmmeren (71,79 m²)

  • Terrasse (30,04 m²)

 

Total Fläch: 184 m²

 

Laag:

  • 7 km vun Réiden

  • 10 km vu Miersch

  • 25 km vun der Stad Lëtzebuerg

  • 2 km vum P+R Schweebech (mam Bus 30 Minutten bis an d'Stad)

Duerch dei roueg an natierlech Lag, ëmginn vun idylleschen Landschaften, ass Rippweiler ideal fir Familljen Koppelen a Singlen. D´Géigend vun Rippweiler ass ideal fir Naturfrënn , déi gären spadséieren ginn oder Velo fueren ginn . D´Schwämm vun Réiden ass ënner anerem och schnell erreecht. Kulturell huet d´Géigend Rippweiler och villes ze bidden, mat sëllegen Buergen an Schlässer. Rippweiler ass daat perfekt Beispill fir ländlecht Liewen , ouni ze wäit vun der Stad oder aaneren interessanten Uertschaften fort ze wunnen.  

Verkaafspräis inklusiv 3% TVA.

Zoustänneg fir den Verkaaf:

Claude Konrath Building Concepts

Num: Ken Konrath

Tel: +352 332361
Mail: ken-konrath@konrath.com

<< Restauréieren anstatt Zerstéieren >>

bottom of page