Bannenhaff - Haus 3

-
992'000 €
-
166 m²
-
3 Schlofzëmmer
-
Gemeinsamen Gaart
-
Schlësselfäerdeg Enn 2026
Eng Harmonie tëscht Traditioun a Modernitéit
Am Häerz vum charmanten Duerf Rippweiler realiséiert d’Société Nationale de la Réhabilitation du Patrimoine e besonnesche Projet: En aalen Bauerenhaff gëtt sanéiert an nei genotzt an domadder aus aalem Bestand néien Wunnraum kreéiert. Den Bannenhaff schaaft eng authentesch Duerfatmosphär, wärend de privaten Gaart, déi grouss Terrasse an de Balkon ideal sinn, fir d’Rou an d’Natur ze genéissen. Divers Elementer vum aalen Bestand ginn erhaalen fir den Stil vum Gebai authentesch ze haalen. Den gemeinsamen Gaart steet jidderngem zur Verfügung. D'Heizung an d' waarmt Waasser gëtt mat enger Wärmepompel gehëtzt.
D'Bauaarbechten hunn just ugefaangen!
D´Raumopdeelung kann nach un den Client ugepasst ginn!
Geneemegten Plang:
Rez-de-Chaussée:
-
Hall (21,55 m²)
-
Wäschkichen+Keller (24,09 m²) *
-
Garage 1 (17,44 m²) *
-
Garage 2 (15,65 m²) *
1. Stack:
-
Wunnzëmmer, Iesszëmmer & Kichen mat Ofstellraum an Toilette (81,70 m²)
-
Balkon ostorientéiert (4,35 m²)*
2. Stack:
-
Dräi Schlofkummeren an zwou Buedzëmmeren mat enger Gesamtfläch vun (63,24 m²)
-
Späicher (9,36 m²)*
* = zousätzlech Flächen
Total Fläch: 166,49 m² + * = 237,38 m²
Laag:
-
7 km vun Réiden
-
10 km vu Miersch
-
25 km vun der Stad Lëtzebuerg
-
2 km vum P+R Schweebech (mam Bus 30 Minutten bis an d'Stad)
Duerch dei roueg an natierlech Lag, ëmginn vun idylleschen Landschaften, ass Rippweiler ideal fir Familljen Koppelen a Singlen. D´Géigend vun Rippweiler ass ideal fir Naturfrënn , déi gären spadséieren ginn oder Velo fueren ginn . D´Schwämm vun Réiden ass ënner anerem och schnell erreecht. Kulturell huet d´Géigend Rippweiler och villes ze bidden, mat sëllegen Buergen an Schlässer. Rippweiler ass daat perfekt Beispill fir ländlecht Liewen , ouni ze wäit vun der Stad oder aaneren interessanten Uertschaften fort ze wunnen.
Verkaafspräis inklusiv 3% TVA.
Zoustänneg fir den Verkaaf:
Claude Konrath Building Concepts
Num: Ken Konrath
Tel: +352 332361
Mail: ken-konrath@konrath.com
























