top of page

Henneshaus - Haus 5

20230914_153857.jpg
  • 890'000 €
  • 232 m²
  • 3 Schlofzëmmer
  • Privaten Gaart
  • Direkt disponibel

Renovéiert Haus ze verkafen zu Rippweiler

Dëst Haus verbënnt mat Eleganz den Charme vun der Vergaangenheet mat der Authentizitéit vun der klassescher Architektur. Säi groussen Späicher bitt en aussergewéinlecht Ausbaupotenzial, wou Dir Är Iddien fräi entfale kënnt. Eng rar Geleeënheet, en eenzegaartegt Haus mat Geschicht ze besëtzen.

Raumopdeelung:

Rez-de-Chaussée (78,74m²) :

  • Hall

  • Kichen

  • Iesszëmmer

  • Wunnzëmmer

  • Garage

  • Gaart (69,81m²)

 

1. Stack (78,13m²) :

  • 3 Schlofkummeren

  • 1 Buedzëmmer (Buedbidden + Dusch)

  • Techniklokal

 

2. Stack (74,74m²) :

  • Späicher + Mezzanine

​​

Keller (53,72m²) :

  • Heizungsraum

  • Wäschkichen

  • Stauraum

 

Total Fläch: 231,61m²

Laag:

  • 7 km vun Réiden

  • 10 km vu Miersch

  • 25 km vun der Stad Lëtzebuerg

  • 2 km vum P+R Schweebech (mam Bus 30 Minutten bis an d'Stad)

Duerch dei roueg an natierlech Lag, ëmginn vun idylleschen Landschaften, ass Rippweiler ideal fir Familljen Koppelen a Singlen. D´Géigend vun Rippweiler ass ideal fir Naturfrënn , déi gären spadséieren ginn oder Velo fueren ginn . D´Schwämm vun Réiden ass ënner anerem och schnell erreecht. Kulturell huet d´Géigend Rippweiler och villes ze bidden, mat sëllegen Buergen an Schlässer. Rippweiler ass daat perfekt Beispill fir ländlecht Liewen , ouni ze wäit vun der Stad oder aaneren interessanten Uertschaften fort ze wunnen.  

Zoustänneg fir den Verkaaf:
Claude Konrath Building Concepts

Num: Ken Konrath

Tel: +352 332361
Mail: ken-konrath@konrath.com

<< Restauréieren anstatt Zerstéieren >>

bottom of page